Sie sind hier

Bei der DP Hesper suergen 2 jonk Frae fir Power

News

D’Myriam Feyder als Presidentin vun der DP Hesper an d’Désirée Biver als Presidentin vun de Jonk Demokraten Hesper am Gespréich.

Liberalix : Myriam, du bass viru  kuerzem an den Hesper Gemengerot nogeréckelt. Du kanns also an Zukunft direkten Afloss op d’Politik zu Hesper huelen. Wat hues du dir virgeholl ?

Myriam Feyder : Et ass eng grouss Chance, a menger Heemechtsgemeng, als Nofolgerin vu mengem Papp, dierfen aktiv Politik ze maachen an dierfen ze hëllefen, dass eis Gemeng sech an di richteg Richtung entwéckelt. Hesper huet eng gutt Liewensqualitéit, ass attraktiv fir seng Awunner – an dat soll och an Zukunft sou bleiwen. Ech wäert mäint dozou bäidroen dat Zil ze erreechen.

Liberalix : Ass et einfach Politik, also Engagement an der Gesellschaft mat Famill an Job ze kombinéieren ?

Myriam Feyder : Dat ass ganz kloer eng grouss Erausfuerderung. Ech hunn di grouss Chance, eng Famill a Frënn ze hunn op di ech mech ka verloossen an di mech zu 100 Prozent ënnerstëtzen. Flexibilitéit ass e wichtegt Stéchwuert an der Organisatioun vum Dag. Et ass net ëmmer evident, mee et klappt.

Liberalix : Désirée, du bass nei Presidentin vun den Hesper Jonk Demokraten, hues familiär Wuerzelen an der Gemeng Hesper, konnts awer schonn als Member vum Gemengerot an der Gemeng Groussbus aktiv Politikgestaltung hautno erliewen. Wat hues du dir virgeholl ?

Désirée Biver : Fir mech ass di Erfahrung, di ech als Gemengereitin gemaach hunn extrem wichteg – besonnesch well ech vill erlieft a geléiert hunn wat mir och an Zukunft hëlleft gutt a sënnvoll Politik fir d’Hesper Bierger ze maachen. Ech kennen d’Gemeng Hesper scho ganz laang a war ëmmer frou, wann ech hei bei der Famill oder Frënn war. Elo dierfen hei ze liewen an och d’Charge als Presidentin vun enger jonker, dynamescher Equipe dierfen ze iwwerhuelen ass eng grouss Éier an awer och Verantwortung fir mech.

Liberalix : Du bass als JDL Presidentin Nofolgerin vun engem Ali Thull, haut 1.Schäffen an der Gemeng Hesper a Claude Lamberty, haut Deputéierten a Gemengerotsmember. Wat kann ee vun der neier Generatioun JDL Hesper erwaarden ?

Désirée Biver : Gëff der Jugend eng Chance an eng Stëmm. Mat deem Leitmotiv ass an der Vergaangenheet gutt zu Hesper gefuer ginn. Dass elo mam Myriam Feyder a Claude Lamberty 2 jonk Leit am Gemengerot Hesper setzen, motivéiert di Jonk natierlech och fir mat ze diskutéieren. Se mierken, dass op si gelauschtert gëtt. Politik ass näischt Abstraktes – dat well ech mat menger Equipe, di e gudde Mix aus ënnerschiddleche Charakteren ass, vermëttelen. Mir wëllen d’Sproochrouer vun deene Jonken zu Hesper sinn.

Liberalix : Myriam, wou leien deng Prioritéiten elo an der aktiver Gemengepolitik ?

Myriam Feyder : Argumenter hunn fir eng gutt Politik am Sënn vun den Hesper Bierger ze maachen – dat ass mäin Zil. Och wann dat heiansdo Diskussioune mat sech zitt, mee just duerch Diskussiounen a verschidde Point de Vuë kennt een zu enger Conclusioun. Ech wäert en oppent Ouer hunn fir d’Awunner, hier Iddien an och hier Suergen an da probéieren am Dialog Weeër ze fanne fir eng konstruktiv Politik ze assuréieren. Als Mamm a gläichzäiteg Member vun der Schoulkommissioun sinn ech natierlech ganz no un der Educatiounspolitik drun an och verstäerkt drun intresséiert wéi eis Betreiungsstrukture fir eis Kanner funktionéieren. Ech komme berufflech aus der Finanzwelt a si mir bewosst, dass mir als Gemeng d’Sue musse sënnvoll asetzen. Do leit also ganz natierlech en 2.Schwéierpunkt a menger gemengepolitescher Aktivitéit.

Liberalix : Als Konschthistorikerin hues du wahrscheinlech e Bléck fir den Detail. Hëlleft dir dee Bléck am politeschen Alldag ?

Désirée Biver : Di enorm Vilfalt di d’Kultur bitt ass vun enormem Räichtum. Et kritt een e Bléck aus ganz ënnerschiddleche Richtungen, et erlaabt engem also och Problemer aus verschiddene Perspektiven ze analyséieren. Dat hëlleft ganz sécher och am politeschen Alldag. Mäin Zil ass op alle Fall Theater, Musek, Gesang, Bicher, Molerei, Skulpturen … den Hesper Bierger méi no ze bréngen. E kulturelle Workshop fir di Jonk wär e flotte Projet deen ech immens gär géif realiséieren. Kultur ass op alle Fall méi wéi just en Kulturzentrum oder en Debat iwwert en Numm wéi CELO. Kultur ass Liewen. Duerfir muss et elo och drëms goen, deen neie Kulturzentrum och mat Liewen ze fëllen. Dëst wäert ee konkrete Schwéierpunkt vu mengem Engagement duerstellen

Liberalix : Myriam, du kenns selwer aus de Reie vun de Jonk Demokraten. Bass du haut als Presidentin vun der DP Hesper frou iwwert eng relancéiert JDL Equipe ?

Myriam Feyder : Ech sinn immens frou ! Et ass wichteg, och aner Meenungen ze héieren, an di Jonk hu ganz oft eng ganz pragmatesch Analyse a vill flott Ideen. Dat ass erfrëschend a bréngt eis ëmmer nees weider. Mir hunn e breede Spektrum u Leit, ënnerschiddlech Richtunge vun Input, an alles dat erlaabt eis Positiounen ze fannen am Sënn vun den Hesper Awunner.

Liberalix : Désirée, wat imponéiert dir um Myriam ?

Désirée Biver : Säin Optrieden ! D’Myriam ass buedemstänneg, sympathesch a gläichzäiteg selbstbewosst. Et bréngt et ëmmer rem fäerdeg mat Argumenter an der néideger Sensibilitéit mat de Leit ze schwätzen a si ze iwwerzeegen.

Liberalix : Kanns du dir eppes beim Désirée ofkucken ?

Myriam Feyder : D’Désirée ass eng jonk Fra mat awer éischtens scho vill Erfahrung an zweetens ass et e Mënsch dee bewisen huet, dass e Courage huet fir wëlle Saache positiv ze veränneren an dofir och bereet ass sech perséinlech total ze engagéieren. Et ass zilstrebeg an ëmmer mënschlech dabai.

Liberalix : Désirée, mat deenen Eegenschaften hues de bestëmmt vill vir an den nächste Méint ?

Désirée Biver : Eis Equipe ass esou flott, motivéiert a villsäiteg, ech probéieren dofir méiglechst vill Input aus de JDL Reien an d’DP Politik afléissen ze loossen. Ech freeë mech op de perséinleche Kontakt mat den Hesper Awunner a wäert méi Bescht ginn fir meng Erfahrung di ech hunn elo positiv fir d’Gemeng Hesper anzesetzen.

Liberalix : Merci fir d’ Gespréich