Sie sind hier

Bilan, Zukunft an Erausfuerderungen vun der DP Hesper

Gemengewahlen 2017 Hesper Demokrat

Liberalix: No bal 6 Joer als DP Fraktiounschef am Hesper Gemengerot ass et un der Zäit e klenge Bilan ze zeien. Wéi ass d’Gemeng Hesper haut opgestallt?

Claude Lamberty: D’Gemeng Hesper ass gutt opgestallt. Et gouf a gëtt weider vill an zukunftsorientéiert Projete investéiert ouni dobäi eng gesond Finanzsituatioun aus den An ze verléieren. Dee Spagat konnt der Majoritéit gelénge well eng gutt Politik, am Sënn vum Hesper Bierger, gemaach gouf.

D’DP Hesper steet op alle Fall fir e gudden Zesummenhalt a fir een Zil: eng liewenswäert Gemeng fir eis Awunner weider ze developpéieren.
Claude Lamberty

Liberalix: Wéi sinn d’Aussiichte fir d’Zukunft?

Claude Lamberty: Hesper ass eng attraktiv Gemeng um Rand vun der Stad Lëtzebuerg, mat héijer Liewensqualitéit a ville Leit di bei eis wëlle wunne komme respektiv wunne wëlle bleiwen. Et geet drëm dofir ze suergen, dass genuch Wunnengen, Schoulgebaier, Betreiungsplaze fir Kanner, Sport a Kulturméiglechkeete bestinn. 

Liberalix : Gouf dann do genuch gemaach?

Claude Lamberty: Mat de Wunnengsbauprojete di aktuell an der Prozedur sinn, wiisst eis Gemeng weider. Esou entsteet fir d’Hesper Jugend d’Méiglechkeet an hirer Gemeng wunnen ze bleiwen. Aktuell si Vergréisserungen a Renovatiounen un de Schoulen Hesper an Izeg am Gaang, eise Kulturzenter gëtt 2018 fäerdeg, d’Museksschoul Fenteng mécht 2018/19 hir Dieren op an eis Sportveräiner kréien um Holleschbierg eng 2. Sportshal. Sécherlech kann een iwwert Detailer diskutéieren, mee insgesamt gëtt an di richteg a wichteg Infrastruktur investéiert. 

Liberalix: Wéi gesäit de Bilan aus DP Sicht aus?

Claude Lamberty: D’Demokratesch Partei ass säit Joerzéngten enk mat der Entwécklung vun eiser Gemeng verbonnen. Zesumme mat eisem Koalitiounspartner gouf Politik fir d’Hesper Bierger gemaach. Dobäi ass Meenungsvilfalt immens wichteg an enger Gesellschaft. An esou war och an dëser Legislaturperiode den Ali Thull als 1.Schäffen e wichtege Pilier an der Koalitioun an am Schäfferot fir d’Entwécklung vu Projeten am Sënn vun der Liewensqualitéit vun eise 15.000 Awunner. Mam Marthy Bracke a mam Myriam Feyder, genee esou wéi virdrun och mam Roby Feyder, konnt ech mech di läscht Joren op e kompetent an harmonescht Team am Gemengerot verloossen. 

Liberalix: Wat sinn d’Erausfuerderunge fir di nächst Joren?

Claude Lamberty: Dat wichtegst ass net stoen ze bleiwen. D’Entwécklung vum Ban de Gaasperech mat der Ëmgestaltung vun der rue des Scillas um Houwald, mam Ubanne vum Tram a Richtung Stad steet virun der Dir. Et gëllt di néideg Entscheedungen ze huele fir d’Liewensqualitéit vun den Hesper Awunner ze erhéijen. Do ass eng kloer Prioritéit natierlech de Contournement Hesper, deen national wéi lokal muss viru gedriwwe ginn. Mee och innerhalb vun eise 5 Uertschafte muss permanent zielen: Wéi verbesseren ech d’Liewensqualitéit fir eis Awunner?

Liberalix: D’Demokratesch Partei ass also prett fir d’Walen am Oktober?

Claude Lamberty: Et gëllt den Hesper Awunner eng inhaltlech zolidd Basis unzebidden an hinne konkret Zukunftsvisiounen fir Hesper ze presentéieren. D’DP Hesper huet eng staark Equippe, mat 15 gudde Kandidaten déi eng wonnerbar Mëschung sinn tëscht Erfahrung a jonken Iddien.