Sie sind hier

Cindy Amado am Portrait

Hesper Demokrat

Cindy, fir déi déi dech nach net kenne sollten, maach eis mol eng kleng Presentatioun vun dir selwer ?

Ech sinn hei an der Gemeng opgewuess, an zimlech aktiv souwuel an der Musek wéi och am Asaz fir d’Intresse vun deene Jonken hei zu Hesper. Nom Ofschloss vu menger Première wëll ech ab dem Hierscht zu Bréissel studéieren.

A menger Fräizäit spillen ech zwee Instrumenter, Saxophon Tenor an Euphonium, an dat an der Hesper Jugendmusek an an der grousser Musek.Als Sekretärin am Jugendgemengerot vun Hesper erliewen ech wéi flott et ass Projeten ze entwéckelen an sech fir d’Leit anzesetzen an do natierlech besonnesch fir d’Wuel vun de Jonken hei an der Gemeng.

Musek a Jugendgemengerot zu Hesper – sinn dat di Plaze wou en d’Cindy an der Gemeng am meeschte begéint ?

Jo, dat kann een esou soen. Béides mécht mir immens Freed an ech kann einfach « ech selwer » sinn a mech engagéieren do wou ech mech wuel fillen a wou ech mierken dass ech eppes Nëtzleches kann zréckginn. Op béide Platzen hunn ech vill néi Kollege kritt vun all Alter - an et ass genau dat wat mir gutt gefält. Den Ëmgang mat de Leit, nei Kontakter, an esou och meng eege sozial Kompetenze stäerken,… dat ass eppes wat mech weiderbréngt.

Firwat engagéiers du dech an der Politik, woufir setzt du dech da virun allem an ?

Ech fannen et wichteg, dass Jonker sech engagéieren. Et geet em eis Zukunft a wann ee wëll Iddien ëmsetze soll een och Bereet sinn dofir Verantwortung ze iwwerhuelen. Fir mech ass et also haaptsächlech wichteg eng Stëmm fir di Jonk aus eiser Gemeng ze sinn. Duerch mäin Engagement am Jugendgemengerot sinn ech ëmmer a Kontakt mat de Wënsch vun der jonker Generatioun vun Hesper a probéieren do natierlech dann och hir Intressien ze verteidegen. Ech sinn ënner anerem awer och natierlech un der kultureller Säit vun Hesper interesséiert - duerch mäin musikalescht Engagement sinn ech do matzen dran a freeë mech och do kënnen Input ze ginn.