Sie sind hier

Contournement Hesper/Alzeng bedeit méi Liewensqualitéit !

Gemengewahlen 2017 Hesper Demokrat

Lokal an national dreiwen de Verkéiersschäffen Ali Thull an den Deputéierte Claude Lamberty de Contournement vun Hesper virun.

Am Fréijoer 2016 huet de Minister Bausch op eng question parlementaire vum Claude Lamberty confirméiert, dass de Contournement Hesper/Alzeng am Plan directeur sectoriel « Transports » als prioritär Infrastruktur ugesi gëtt. Firwat dat wichteg ass, erlieft een all Dag op en Neits.

Kilometerlaangen « Stop and go » an der route de Thionville, scho wäit virun Hesper a Richtung Stad Moies, an Owes dat nämmlecht an di aner Richtung. Eng extrem Belaaschtung vun der Wunn- a Liewensqualitéit fir d’Leit am Raum Fenteng, Izeg, Alzeng, Hesper, Houwald, Bouneweg bis op Gare an an d’Stad eran.

Dat ass haut Realitéit. Dat ass an Zukunft – duerch de Contournement Hesper/Alzeng Vergaangenheet.

D’Regierung huet am Dialog mat de Gemengen e Gesamtkonzept entwéckelt. Eng éischt Phase ass an der Chamber gestëmmt ginn. Di Phase betrefft den Deel mam Tram vun der Gare bis op den Houwald.

Net just den duerch den Tram wäert di ganz rue des Scillas um Houwald eng nei Nues kréien. Den Ëmbau an den nächste Jore wäert sech positiv op dat ganzt Erscheinungsbild auswierken. Di weider Phasë vum Projet – mat um Ënn dem Contournement Hesper/Alzeng - wäerten an den nächste Méint an d’Chamber komme fir do kënne gestemmt ze ginn.

Et geet elo just nach drëm di verschidde Variante vum Contournement ze analyséieren an dann di beschten zeréck ze behalen.

Di aktuell Haaptverkéiersachs N3 – d’route de Thionville also – wäert zreckgestuft ginn an esou entlaascht ginn. Wat um Pabeier no enger banaler Streckebezeechnung klengt ass et fir ganz vill Awunner am Raum Hesper einfach eng total Steigerung vun der Liewensqualitéit an eppes wat méi wi sehnsüchteg zu Hesper, zu Izeg, zu Fenteng, zu Alzeng an um Houwald erwaart gëtt.

D’Demokratesch Partei, lokal am Schäfferot mam Verkéiersschäffen Ali Thull an national mam Deputéierte Claude Lamberty, setzt sech weider aktiv fir eng Verbesserung vun der Liewensqualitéit an eiser Gemeng an.