Sie sind hier

E Bicherschaf fir Hesper

News

Zu Esch steet deen éischte Bicherschaf am Land, um Bridel ginn et Bicherbeem, zu Ettelbréck eng Bicherkabinn an am Mee dëst Joer ass och an der Stad, op der Theaterplaz, e Bicherschaf opgeriicht ginn.

De Prinzip ass einfach: „Bréng eent - Huel eent – Lies eent“

De Bicherschaf ass ëmmer op, Kanner, Jugendlecher an Erwuessener kenne Bicher gratis ausléinen.

Och zu Hesper wäert geschwënn sou ee Schaf opgestallt ginn, direkt virum Gemengenhaus.

Fräi nom Motto: „Lesen gefährdet die Dummheit“ oder op franséisch: „Lire nuit gravement à l’ignorance“  freeë mir eis datt zu Hesper d’Liesen an noer Zukunft nach wäert méi gefördert ginn.