Sie sind hier

Editorial HESPER DEMOKRAT Mee 2017

Hesper Demokrat

Är Hesper DP Fraktioun huet vill zur Gestaltung vun der Hesper Gemeng mat bäigedroen. Op de folgende Säite mécht de Claude Lamberty e klenge Resumé vun der geleeschter Aarbecht an eisen 1.Schäffen Ali Thull stellt mam Projet vun der neier Sportshal um Holleschbierg déi nächst Etapp an der permanenter Weiderentwécklung vun eiser Gemeng vir.

Ganz besonnesch freeën ech mech iwwert de Projet "Reebou" deen d’Marthy Bracke Iech virstellt. D'DP Hesper ënnerstëtzt fortschrëttlech gesellschaftlech Iddien. Mir wëllen, dass eis Matbierger méi no réckelen, sech fir d’Allgemengwuel asetzen an op deem Wee och nach Ressourcë schounen.

Un eis auslännesch Matbierger maache mir den Opruff sech fir d’Gemengewalen anzeschreiwen. Just wann esouvill Awunner ewéi méiglech un de Walen deelhuelen kënne mir déi gréisst méiglech Demokratie liewen.

Nieft dem politesche Volet wëll ech Iech awer och op eist eist traditionellt DP Hesper Familjefest op Christihimmelfahrt alueden wat dëst Joer de 25. Mee virun der Gemeng stattfënnt. Et géif mech freeën Iech op eisem Fest ze begréissen an sech do a flotter Ronnen kënnen auszetauschen.

Mat liberale Gréiss,

Myriam Feyder

Presidentin vun der DP Hesper