Ab e Méindeg, 19.Juni, funktionéiert di nei DIREKT Buslinn (RGTR 226) tëscht der Gemeng Hesper a Bartreng. Nei un der Linn ass, dass de Bus net méi duerch de Stadkär fiert an esou d'Leit vun Alzeng, via Hesper, Houwald, Cloche d'Or a Leideleng direkt bis op Bartreng féiert.